Zum Seiteninhalt springen Zur Navigation springen
Illustration: Martin Fengel / martinfengel.com Illustration: Martin Fengel / martinfengel.com
 

«Kanneruergelféierung»

Promenade duerch 6.768 Päifen fir Kanner am Alter vun 6 bis 12 Joer

 

Dëse Workshop ass e Mix aus engem Concert an enger guidéierter Visite vun der Uergel. D’Jenny Spielmann, musikalesch Vermëttlerin, invitéiert d’Kanner mat hiren Elteren déi gigantesch Uergel an der Philharmonie unhand vu verschiddenen Museksstiler ze entdecken. D’Uergel gëtt an all senge Formen presentéiert: als Solisteninstrument an als Kammermuseksinstrument. De Workshop erméiglecht et d’Uergel mat aneren Instrumenter ze kombinéieren an op dës Aart a Weis eng nei Siicht op dëst eenzegaartegt Instrument ze ginn.

6–12 Joer
Sprooch: L / F
Dauer: ~60’
Fir Kanner a Begleedung vun hiren Elteren

Gratis-Aschreiwung:
Tel: (+352) 26 32 26 32
tickets@philharmonie.lu

Féierung

Sonndeg  10.12.2017 11:00 (L)
Dimanche 10.12.2017 15:00 (F)
Grand Auditorium

Maurice Clement  orgue
Markus Brönnimann  flûte
Adam Rixer  trompette

Jenny Spielmann médiation musicale, présentation