Zum Seiteninhalt springen Zur Navigation springen
Illustration: Unter freiem Himmel Illustration: Unter freiem Himmel
 

Ee Kopplabunz duerch den Orchester

1 Spillschoulsklass, 3 Museker, 4 Begéinungen an e ganze Koup Musek!

Olivier Germani hautbois
Sehee Kim violoncelle
Béatrice Daudin percussion
Jenny Spielmann conception, atelier musical

Am Orchester ass eng lass: Wéi et do blëtzt a blénkt! Wéi et an den Ouere kléngt! Mee wéi eng Orchesterinstrumenter ginn et iwwerhaapt? Wéi ass de Beruff vum Orchestermuseker? Wat ass een Dirigent? A wéi gesäit et an engem Concertssall aus? Mat enger Musekspädagogin an dräi OPL-Museker léieren d’Kanner spilleresch d’Welt vum Orchester kennen! Wat grouss Aen a nach méi grouss Ouere wäerten d’Kanner maachen, wann se den Ofschlossconcert mat Ma mère l’Oye am grousse Sall vun der Philharmonie gesinn. A wie weess… Vläicht erblécksen si op der Bühn och déi dräi Museker, déi si kennegeléiert hunn...