Zum Seiteninhalt springen Zur Navigation springen
 

Mir entdecken den Orchester!

Eng Orchesterexpeditioun fir ze lauschteren a matzemaachen

Quentin Jaussaud violon
Sehee Kim violoncelle
Choul-Won Pyun contrebasse
Jean-Philippe Vivier clarinette
Leo Halsdorf, Andrew Young cor
Benjamin Schäfer square drum
Nadine De Lorenzi-Bissen conception, médiation musicale

Wéi kléngt eigentlech eng Klarinett a wéi gëtt se gespillt? A wéi eng Téin produzéiert e Cor? D’Musekspedagogin Nadine Di Lorenzi-Bissen an d’Musekerinnen a Museker vum OPL, entféieren di jonk Klangfuerscher an dëse Projet an d’Welt vun den Orchesterinstrumenter. Am Kader vu 4 Treffen an der Schoul léieren d’Kanner verschidden Instrumenter kennen, treffe Profi-Museker – a maache selwer ganz vill Musek.
Als Héichpunkt vun dësem Projet treffen déi Klassen déi matgemaach hunn an der Philharmonie op all Instrumentalisten, déi se op hirer Expeditioun begleet hunn, lauschtere bei enger Ensembelprouf no an entdecken, wéi et ass an engem grousse Grupp Musek ze maachen.


11.2019-02.2020
Serie vu Workshops /
Série de workshops

03.02.2020
Besuch vun der Prouf an
Oofschlossworkshop /
Répétition de l’OPL et
workshop final

 

Ausverkauft