Zum Seiteninhalt springen Zur Navigation springen
Illustration: Marylène Schenck Illustration: Marylène Schenck
 

Musical Playground

Beim interaktiven Workshop Musical Playground verwandelt sech de Foyer vun der Philharmonie an eng musikalesch Spillplaz fir Kanner teschend sechs an zwielef Joer. Déi dräi islännesch Komponisten vun S.L.Á.T.U.R. lueden Iech zesummen mam Berliner Ensembel Adapter op eng fantasievoll Klangrees an, bei der d’Kanner selwer zu Kënschtler ginn an entdecken, wéi de Foyer eng Bühn fir Kasperltheater, musikalesch Roboter an kleng Concerten gëtt. Fir all entdeckungsfreedeg Kanner mat oppenen Oueren ass Musical Playground déi Geleeënheet, op eng kreativ-spilleresch Weis ongewinnte Kläng aktiv z’entdecken an d’Architektur vun der Philharmonie eemol ganz anescht z’erliewen.