Zum Seiteninhalt springen Zur Navigation springen

Sang mat! 15 Joer Philharmonie

Kanner- a Vollekslidder aus Lëtzebuerg

«Sang Mat!» bréngt Gesang an de Klassesall an de Klassesall op d’Bühn vun der Philharmonie. Zënter 2015 beräichere Sänger aus der Grondschoul de Programm: 2015 hu ronn 170 Kanner sechs Uropféierungen zum Thema Frëndschaft, begleet vum Orchestre Philharmonique du Luxembourg, gesongen. 2016 huet den zweete Projet «Sang Mat!» Première gefeiert mam inszenéierte Chouerconcert iwwert dem Vanessa Staudt säi bekannte Kannerbuch «Ech si kee béise Wollef». Am Schouljoer 2016/17 huet den «Sang mat!» zu de siwe Weltwonner vun der Neizäit gefouert, 2017/18 hu ronn 230 Kanner d´Lidder iwwert «De klenge Waassermann» gesongen an am Juni 2019 ass e grousse Kannerchouer opgetrueden an huet d‘Bühnestéck «Mareike spinnt!» vum Philipp Matthias Kaufmann gesongen.
An der Saison 2019/20 steet de Projet «Sang mat!» ganz am Zeeche vum 15. Anniversaire vun der Philharmonie! Mat der Ënnerstëtzung vu professionelle Gesangspädagoginne a Gesangspädagogen vun dem INECC Luxembourg léieren d‘Kanner verschidde bekannte lëtzebuergesch Volleks- a Kannerlidder. A Workshoppen an de Schoulen a Prouwen an der Philharmonie léieren d‘Kanner, wéi et ass, an engem grousse Kannerchouer ze sangen, a ginn optimal op den Ofschlossconcert virbereet, dee sécherlech den Highlight vun dësem besonnesche Projet ass: D‘Kanner wäerten hir Lidder de 27.06.2020 am Kader vun de Feierlechkeete vum 15. Anniversaire vun der Philharmonie bei engem Concert ënnert der Leedung vum bekannten Dirigent Pierre Cao an zesumme mat Musekerinnenw a Museker vum Orchestre Philharmonique du Luxembourg virun engem grousse Public zum Beschte ginn.
De Projet fërdert d‘Freed um Sangen an erméiglecht et de Kanner, d’Erfarung ze maachen, als Deel vun engem grousse Kannerchouer a mat der professioneller Ënnerstëtzung vun engem Ensembel Musek live opzeféieren.

Als Optakt vum Projet fënnt eng Formatioun fir d‘Léierpersonal statt.

An Kooperatioun mam SCRIPT/mimamu an INECC Luxembourg

ABGESAGT

 

27.06.2020
Ofschlossconcert

04.2020–06.2020
Workshops an ärer Schoul

24.–25.06.2020
Prouwen an der Philharmonie

Aschreiwung fir de Projet bis de 31.10.2019

 

An Kooperatioun mam SCRIPT/mimamu an INECC Luxembourg