«Alva Aurora»
E modernt Mäerchen iwwert e Klang sou schéi wei Kristall
28.03.2022 10:30 Uhr,
Espace Découverte
add to calendar
Fabienne Elaine Hollwege
Erzielung
Thomas Bloch
Cristal Baschet, Ondes Martenot, Glassharmonika
Pauline Haas
Harf
Dan Tanson
Regie, Adaptatioun vum Text, Konzeptioun
Alexandra Lichtenberger
Kostümer, Accessoiren
Vincent Biwer
Zeechnungen
Musek vum Thomas Bloch a Pauline Haas
4-8 Joer / l.1-2 / L / 50' / 6€ pro Schüler
Eis Geschicht gëtt vun engem Cristal Baschet, enger Harf an den Ondes Martenot begleet. Emol Moies, wou d’Kinnigin Alva opsteet, ass si paff. D’Waasser vum Waasserfall, ënnen of beim roude Fiels, leeft net méi. Keng Sabbel, kee Fisem, keng Drëps. D’Awunner vun der Wüüstestad sinn entsat. Aus dem Näischt zitt e Reebou op… an e wonnerschéinen Toun entsteet. Do héiert d’Kinnigin Alva e Gepëspers: «Meng Kinnigin, et ass Zäit, datt Dir Iech op de Wee maacht. Et gëtt e Kinnekräich, wou d’Mënsche Moies schwéier aus dem Bett kommen. Gitt bei dës Mënschen a kësst si ganz duuss waakreg.»
Produktioun Philharmonie Luxembourg