Zum Seiteninhalt springen Zur Navigation springen

«De Prënz ouni Schwäert»

E spannenden Erzielconcert, de vun engem armeneschen Duduk begleet gëtt

06.03.2017 08:45 & 10:30 Uhr,

Espace Découverte

add to calendar

Vardan Hovanissian duduk
Emre Gültekin saz, chant
Betsy Dentzer narration
Dan Tanson conception, traduction, mise en scène
Vincent Biwer illustrations animées
Alexandra Lichtenberger costumes
Heinz Janisch texte

Et wor emol e Prënz, deen hat kee Schwäert. Hie wollt och keent. Hien hat keng Loscht fir ze kämpfen an iwwerhaapt hat hien d’Musek vill léiwer. Hei emol krut hien vun engem alen Händler e gelungent Museksinstrument geschenkt. Et war en Duduk, en armenescht Blosinstrument dat wonnerschéi geklongen huet. All Dag huet hien drop gespillt a séier hunn d’Leit hie nëmme nach ‚Prënz Duduk’ geruff.

Emol ass de Prënz mat sengem Duduk duerch d’Land gezunn. Hie wollt säi Land vun engem fierchterlech Draach, dee Feier spéitst, befreien. A natierlech gouf et och eng schéin Prinzessin ze retten.

Ma – et ass awer alles ganz anescht komm, anescht wéi hien sech dat erwaart hat…

Réalisation Traffik Theater Luxembourg
Production Philharmonie Luxembourg, Chantier Mobile a.s.b.l.

Anmeldung

Liegt in der Vergangenheit