Zum Seiteninhalt springen Zur Navigation springen

Covid-19: Wichtige Informationen zu unseren Konzerten, weitere Infos

  • photo: Illustration: Keong-A Song

«Die Schottische»

Moderiertes Konzert

16.10.2020 10:00 Uhr,

CAPE, Ettelbruck

add to calendar

Orchestre Philharmonique du Luxembourg
Kensho Watanabe Direktioun
Martina Menichetti Konzeptioun, Text, Presentatioun (L)

Felix Mendelssohn Bartholdy: Symphonie N° 3 «Schottische» / «Écossaise» (Auszüge)

Format: moderiertes Konzert / Alter: 6–10 / Zyklus: I.2–3 / Sprache: D / Dauer: 60’

E riisegt Séimonster huet hie bekämpft, eng gefaange Prinzessin huet hien aus dem Schlass konnte befreien, an no enger stiermeschter Iwwerfaart op eng Insel huet hien danzend Feeën a Wichtelcher begéint... Dem Felix Mendelssohn seng Rees a Schottland war jo e richtegt Abenteuer! Op d’mannst esou begeeschtert erzielt heen dovunner. Seng Inspiratioun war esou grouss, datt hien eng wonnerbar Symphonie komponéiert huet, mat dramatesche Sträicher a monter Melodien, déi un typesch, traditionell schottesch Danzmusek erënneren. D’Présentatrice Martina Menichetti an den Orchestre Philharmonique du Luxembourg ënnert der Leedung vum Dirigent Kensho Watanabe invitéieren op eng Rees an d’Fantasiewelt vum Komponist a weisen dem Publikum wéi expressiv a faarweg d’Klangwelt vun engem Symphonieorchester ka sinn. Fir de Concert virzebereeden gëtt en Aarbechtsdossier mat Unterrechtsmaterial fir d’Léierpersonal virbereet. Hei gin anschaulech Erklärungen iwwer d’Museksstéck an iwwer d’Instrumenter vum Symphonieorchester ugebueden, souwéi och Audioopnamen vun de musikaleschen Ausschnëtter, déi am Concert ze héiere wärte sinn an déi duerch interaktiv Aufgaben mat de Schülerinnen a Schüler kënnen opgeschafft ginn. Einschreibungen zu dieser Veranstaltung über scolaires@cape.lu. Für diese Veranstaltung gelten die Buchungskonditionen des CAPE.

Anmeldung

Einschreibungen zu dieser Veranstaltung über scolaires@cape.lu. Für diese Veranstaltung gelten die Buchungskonditionen des CAPE.