Zum Seiteninhalt springen Zur Navigation springen
Philharmonie Luxembourg
 

Fräiraim Festival

28.-30.06.2024

E Fest fir di lokal Fräizäitmuseker

«Fir vill Bands an Ensembelen ass den Optrëtt an der Philharmonie en Héichpunkt virum Summer, op den si vill Méint drop hischaffen. Dës Aarbecht muss belount ginn, an ech freeë mech, datt di verschidde Musekerinnen a Museker hiert Talent op de grousse Büne weise kënnen. Si sinn Deel vun eiser Musekslandschaft», erzielt d’Kulturministerin am Interview mam Paperjam am Kader vum éischte Fräiraim Festival den 2022 stattfonnt huet.

Opgrond vum Succès vun der éischter Editioun widderhëlt d’Philharmonie dëst Experiment am Joer 2024 a wëll den net professionellen Acteuren aus der Zeen zu Lëtzebuerg an aus der Groussregioun e Weekend laang op en Neits d’Geleeënheet ginn, sech an engem professionelle Kader op eng eenzegaarteg Weis ze presentéieren. Enn Juni wäert si all Raimlechkeeten zur Verfügung stellen, bausse Méiglechkeete bidden an zousätzlech dozou eng temporär Bün op der Place de l’Europe opbauen. All Stilrichtungen an Interprete si wëllkomm: Reggea, klassesch Musek, Elektro, Barock, Rock, Hard Rock, Indie, Jazz, Lidderowend, Weltmusek, Singer-Songwriter a lokal Fanfaren an Harmonien. E Concert vum Orchestre de la Place de l’Europe wäert dësen inspiréierende Weekend ofronnen.

D’Zil: «Geografesch a musikalesch Grenzen iwwerschreiden», esou d’Organisateure vum Event. Dir hutt also d’Geleeënheet, honnerte vun etabléierten oder och neie Kënschtler z’entdecken – gratis an ouni Entréesbilljee. Et wäert fir all Goût eppes dobäi sinn, virun allem well zur nämmlechter Zäit op der Place de l’Europe de Foodtruck-Festival Yumm wäert stattfannen an d’Gastronomie vun der ganzer Welt zesumme bréngt, wéi schonn 2022. Et gëtt also genuch ze schmaachen an z’entdecken, net nëmme fir de musikaleschen Appetit.

******

Eine Würdigung der lokalen Freizeitmusiker

«Für viele Bands und Ensembles ist der Auftritt in der Philharmonie ein Höhepunkt vor dem Sommer, auf den sie sich seit Monaten vorbereiten. Diese Arbeit muss belohnt werden, und ich freue mich, dass die verschiedenen Musikerinnen und Musiker ihr Talent auf den großen Bühnen zeigen können. Sie sind Teil unserer Musiklandschaft», vertraute Kulturministerin Sam Tanson Paperjam an, als das Fräiraim Festival 2022 zum ersten Mal stattfand. Aufgrund des Erfolgs dieser ersten Ausgabe wiederholt die Philharmonie das Experiment im Jahr 2024 und will den nicht-professionellen Akteuren der Szene in Luxemburg und der Großregion erneut ein Wochenende lang die Gelegenheit bieten, sich in einem professionellen Rahmen unvergleichlich zu präsentieren. Ende Juni wird sie alle ihre Räumlichkeiten, einschließlich der Freiflächen, zur Verfügung stellen und zusätzlich eine temporäre Bühne auf der Place de l’Europe aufbauen. Alle Stilrichtungen und Interpreten sind willkommen: Reggae, klassische Musik, Elektro, Barock, Rock, Hard Rock, Indie, Jazz, Liederabende, Weltmusik, Musikvereine und Singer-Songwriter. Ein Konzert des Orchestre de la Place de l’Europe wird dieses inspirierende Wochenende abrunden.

Das Ziel: «Geografische und musikalische Grenzen zu überschreiten», so die Organisatoren der Veranstaltung. Sie haben also Gelegenheit, Hunderte von etablierten oder neuen Künstlern zu entdecken – kostenlos und ohne Eintrittskarte. Es wird für jeden Geschmack etwas dabei sein, zumal zur gleichen Zeit auf der Place de l’Europe das Foodtruck-Festival Yumm stattfindet, das die Küchen der ganzen Welt zusammenbringt, wie schon 2022. Es gibt also genug zu verkosten, nicht nur im Hinblick auf den musikalischen Appetit!