Jump to page content Skip to navigation
Illustration: Unter freiem Himmel Illustration: Unter freiem Himmel
 

Sang mat! Chëschtdag

Nora Koenig narration
Les 5 Gourmets
Ramona Schuh, Michel Berns trompette
François Schammo cor
Claude Origer trombone
Yves Schumacher tuba
Milena Hiessl direction de choeur, ateliers de chant
Anja Di Bartolomeo texte

Sange verbënnt, Sange mecht Spaass, Sange mecht aus all Fest eng grouss Freed! Fir d’Adventszäit sinn 300 Schülerinnen a Schüler aus dem ganze Land invitéiert d’Philharmonie un d’Kléngen ze bréngen! All Klass prouwt vum November un eng Auswiel vun Adventslidder aus verschiddenen Traditiounen a Länner a kritt zwee Workshoppen, déi vun der Gesangspädagogin Milena Hiessl ofgehale ginn (Terminer no Ofsprooch). De 18. Dezember kommen all d’Kanner zesumme fir dës feierlech Lidder ze sange, begleet vun engem professionelle Blechblossquintett. D’Lidder gi mat enger spannender Geschicht verbonnen! Ee wonnerbart Sang mat!-Erliefnis.

Fir interesséiert Léierpersonal an Educateure gëtt et eng Weiderbildung an didakteschen a methodesche Méiglechkeeten a kandgerechter Museksvermëttlung an am kreativen, kandgerechten a prakteschen Ëmgang mat der Kannerstëmm, bei där ënnert anerem dës Adventslidder virgestallt ginn.

Zum Anmeldeformular

18.12.2018 10:00
Salle de Musique de Chambre
Ofschlossconcert

21. – 23.11.2018
05. – 07.12.2018
Workshops

Aschreiwung fir de Projet bis de 05.10.2018