Salle de Répétition II
add to calendarMartina Menichetti Museksvermëttlung
L
Fir Komponisten ass d’Natur eng vun de stäerksten Inspiratiounsquellen. Motiver wéi Waasser, Feier an Äerd sinn a ville Wierker fir grouss Symphonieorchester erëmzefannen. Am Mee 2023 organiséiert d’Philharmonie e Kanner- a Jugendfestival mam Thema «Natur», deen d’Occasioun bitt, sech mat den Themen Natur an Ekologie ze befaassen. An dëser Weiderbildung fir Enseignantë gi Wierker wéi dem Ludwig van Beethoven seng «Pastorale» oder dem Manuel de Falla säi Feuertanz ënnersicht an Iddie fir den Asaz am Unterrecht vermëttelt, fir duerch interaktiv Aufgaben mat de Schülerinnen a Schüler déi musikalesch Wierker opzeschaffen. Déi behandelt Wierker gi wärend dem moderéierte Concert «D’fënnef Elementer» mam Orchestre Philharmonique du Luxembourg an der Presentatrice Martina Menichetti, déi dës Formatioun begleet, am Kader vum Naturfestival an der Philharmonie opgefouert. (méi op der S. 23)
Has already taken place