-
Free seating
- 12 €
-
Free seating
- 18 €
Discovery Nights | 1 Guided Tour + 1 Apéro + 1 Concert
Salle de Répétition I
add to calendar
Marie Jung
Schauspill
Marwane Champ
Cello
Maud Le Bourdonnec
Piano
Susanne Felicitas Wolf
Text
Caterina Cianfarini
Regie
Isabelle Kaiser
Bün
Dauer: 45 min / Sprooch: L
Di liicht zerstreete Fee mam Numm Josée kritt en immens wichtegen Optrag vum Kleeschen. De wichtegsten Optrag iwwerhaapt. Hatt soll an dësem Joer de Chrëschtdagszauber, d'Chrëschtdagsfreed an de Chrëschtdagsglanz op d'Äerd bréngen. D'Josée ass an heller Opreegung. Hat mécht dat fir di éischte Kéier. An dobäi ass Chrëschtdag net senges. Hatt ass zwar eng Fee, mee wéi soll hatt dat maachen? Glécklecherweis huet de Kleeschen him eng Këscht mat hëllefräiche Mëttel iwwerginn. D'Josée ass ganz schlau, mee op et den Optrag erfëlle kann? An dann huet et och nach net vill Zäit. A wann hatt et packt, dann nëmme mat ärer Hëllef. Freet iech op e besonnescht Een- Persoune Wierk mat Live-Musek voller Witz, Charme a Poesie... a natierlech voller feeenfeiner Chrëschtdagsstëmmung.
Has already taken place