Jump to page content Skip to navigation

15.-18.12.2022 Chrëschtdag

«Martina’s Music Box» (7–12 Joer)

Kommt laanscht a maacht Musek!

05.03.2023 11:15,

Salle de Répétition I

add to calendar

Martina Menichetti Leedung, Konzeptioun

Wärend dësem Atelier ginn d’Kanner encouragéiert fir déi éischte Kéier, ouni musikalesch Virkenntnesser, Instrumenter ze spillen oder hiert eegent Instrument matzebrénge fir zesumme Musek ze kreéieren. D’Entdeckung vun Instrumenter, dem Gesang, Rhythmussen a Kläng stinn am Mëttelpunkt vun dëser musikalescher Sessioun, déi vu Musekspedagoge geleet gëtt, a bei der jiddereen encouragéiert gëtt sech an engem lockeren a kreative Kader auszedrécken an ze experimentéieren. "Martina's Music Box" gëtt zu engem oppene Raum fir Entdeckungen an Iwwerraschungen, bitt e Moment fir mat anere Kanner, mat oder ouni Begleeder, musikalesch Momenter ze erliewen, a weist Weeër fir dat musikalescht Talent vun all Kand ze entdecken.

Tickets

Children
    Free seating
  • 10
Adults
    Free seating
  • 15

Fir Kanne aleng oder a Begleedung
www.philharmonie.lu,
(+352) 26 32 26 32

The sale begins on 12.01.2023 at 10.00.

Subscription