Jump to page content Skip to navigation

Covid-19: Information regarding our concerts, more here

«Mein Klang im Museum» / «Ma musique au musée»

02.05.2022 09:00,

Salle de Répétition I

add to calendar

8-12 Joer/ans/Jahre / l.3-4 / L/F/D / gratis/gratuit

Musek ka wonnerbar Stëmmungen a Gefiller ervirbréngen, an dat net nëmmen am Concertssall op der Bün mee och an enger Konschtausstellung am Musée. Am Kader vun dësem Workshop kënne Schoulklassen zesumme mat engem Museker oder enger Musekerin eng Klanginstallatioun erschaffen. An engem éischte Schrëtt besichen d’Schülerinnen a Schüler eng Ausstellung am Mudam a beschäftege sech mat de Konschtwierker. Wéi wierkt dëse konschtvoll ageriichte Raum? Wéi eng Musek passt zu dem engem Bild oder der Skulptur? Doropshi maachen d’Participant an der Philharmonie eng Klangsich mëttels Museksinstrumenter, Objeten, der Stëmm oder digitaler Klangerschafung. Di Kläng a musikalesch Kreatiounen déi doraus entstinn, ginn uschléissend opgeholl. Um Enn ginn di fäerdeg Tounopnamen a Form vu Klanginstallatiounen am Mudam opgeriicht, fir se esou alle Visiteure vum Musée héierbar an erliefbar ze maachen.

Registration

Datumer no individueller Ofsprooch tëscht Mäerz a Juni 2022 Philharmonie a Mudam / Dates à convenir individuellement entre mars et juin 2022 Philharmonie et Mudam / nach individueller Absprache zwischen März und Juni 2022 Philharmonie und Mudam

Has already taken place

 

Coproduction with