Jump to page content Skip to navigation

Discovery Nights | 1 Guided Tour + 1 Apéro + 1 Concert

«Sang mat! Chrëschtdag zu New York»

Participative Matsangprojet mat Workshops an Ofschlossconcert

22.12.2022 10:00,

Grand Auditorium

add to calendar

8–10 Joer / I.3 / L / 60’

Aschreiwung fir de Projet bis de 14.10.2022

11–12.2022 Workshops an Ärer Schoul

D’Frigga fiert am Dezember bäi säi Cousin Jasper op New York. Do kënnt hatt aus dem Staunen net méi raus; iwwerall hänkt Chrëschtdekoratioun an iwwerall wou ee lauschtert, ertéint Musek. Mee alles klengt e bësselchen anescht wéi gewinnt, mengt d’Frigga. «Sou klengt eben Jazz», erkläert de Jasper senger Cousine. Dës musikalesch Geschicht verbënnt bekannten amerikanesch an traditionelle Chrëschtlidder am Jazzstil, déi ganz am Sënn vum «Sang mat!» vun de Kanner déi matmaache gesonge ginn. Duerch zousätzlech kandgerecht rhythmesch an instrumental Aktivitéite wierken d’Kanner wärend der ganzer Geschicht musikalesch aktiv mat. De Projet ëmfaasst eng virbereedend Formatioun fir Enseignanten, an der d’Lidder an di musikalesch Mattmaachelementer virgestallt ginn (méi op S. 57), eng virbereedend Workshopphase an de Klassen a e groussen Ofschlossconcert, bäi dem d’Kanner dat wat se geléiert hunn zesumme präsentéieren.

A Kooperatioun mat der Fondation EME

Registration

gratis

Has already taken place