Jump to page content Skip to navigation
  • photo: Illustration: Marylène Schenck

«Sang mat! De klenge Waassermann»

En interaktiven Concert nom Kannerbuchklassiker vum Otfried Preußler (5–10 Joer)

15.06.2018 10:00,

Grand Auditorium

add to calendar

Solistes de l'Orchestre Philharmonique du Luxembourg
Martin Folz direction
Betsy Dentzer comédie
Jean-Paul Majerus pédagogue musical

(Op Lëtzebuergesch)

D’Bewunner aus dem Millewee freeë sech immens: E klenge Waassermann gouf gebuer! Séier gëtt hien ëmmer méi grouss, an d’Zäit ass komm säin Haus ze verloossen fir de Weier ze erfuerschen. Zesumme mat sengem Frënd Cyprinus, een ale Kaarp, wëll de klenge Waassermann alles iwwer an ënner dem Waasser kenneléieren. Wat e grousst Abenteuer…
Dës beléift Geschicht vum Kannerbuchautor Otfried Preußler gëtt hei als Concert mat neier Musek erzielt. An dobäi muss kee roueg sëtze bleiwen: D’Kanner am Publikum sinn all häerzlech invitéiert kräfteg matzesangen, a ginn domat een Deel vun der Geschicht, a vun deem wat op der Bühn geschitt.

Virbereedent Gesangsworkshops
Dauer: ~90’
Wou: An ärer Schoul
Wéini: Tëschent dem 16.04.2018–08.06.2018
Fir de Concert virzebereeden, kommen Intervenanten vum INECC Lëtzebuerg an d’Klassen, a léiere mat de Kanner d’Lidder an d’musikalesch Aktiounen.

Eng Produktioun vun der Philharmonie Luxembourg an dem INECC Lëtzebuerg