Zum Seiteninhalt springen Zur Navigation springen

Sang mat! − «Chrëschtdag»

Sylvie Michels Flütt
Romain Gross Klarinett
Steve Boehm Cor
Robert Lohr Fagott
Päivi Kauffmann Presentatioun, Chouerdirectioun, Gesangsatelieren
Kerry Turner Arrangementer

Sange verbënnt, Sange mécht Spaass, Sange mécht aus all Fest eng grouss Freed!

Fir d’Adventszäit sinn erëm 300 Schülerinnen a Schüler aus dem ganze Land invitéiert, d’Philharmonie un d’Kléngen ze bréngen! All Klass prouft vun November un eng Auswiel vun Adventslidder aus verschiddenen Traditiounen a Länner a kritt zwee Workshoppen, déi vun der Chouerleederin Päivi Kauffmann ofgehale ginn (Terminer no Ofsprooch). De 5. Dezember kommen all d’Kanner zesummen, fir dës feierlech Lidder ze sangen, begleet vun engem professionellen Ensembel. Ee wonnerbart «Sang mat!»-Erliefnis.

Fir interesséiert Léierpersonal an Educateure gëtt et eng Weiderbildung an didakteschen a methodesche Méiglechkeeten a kandgerechter Museksvermëttlung an am kreativen, kandgerechten a prakteschen Ëmgang mat der Kannerstëmm, bei där ënner anerem dës Adventslidder virgestallt ginn.

Ofschlossconcert: 05.12.2019 10:00, Salle de Musique de Chambre

11.2019–12.2019 Workshops an ärer Schoul

Aschreiwung fir de Projet bis de 04.10.2019

 
Formulaire d'inscription