6 € pro Schüler*in / gratis fir Begleetpersoun
Discovery Nights | 1 visite + 1 apéro + 1 concert
Grand Auditorium
add to calendar
Orchestre Philharmonique du Luxembourg
Anna Rakitina
Leedung
Martina Menichetti
Moderatioun, Konzeptioun
Rachel Leach
Leedung Kompositiounsworkshops
Robert Pflanz
Videodesign
Benjamin Britten:
Four Sea Interludes from Peter Grimes (extraits)
Ludwig van Beethoven:
Symphonie N° 6 «Pastorale»: 1. Allegro ma non troppo
Rachel Leach:
Wood
Arthur Honegger:
Pacific 231.
Manuel de Falla:
Danza ritual del fuego (Danse rituelle du feu / Feuertanz) (El amor brujo)
6–12 Joer / I.2–4 / L / 60’
Äerd, Metall, Holz, Feier a Waasser – d’Grondkräfte vun der Natur si permanent am Wandel an am Austausch mateneen. Wéi kléngen déi 5 Elementer an der Musek? Mat Wierker wéi dem Beethoven senger «Pastorale» Symphonie N° 6 oder dem Manuel de Falla sengem Feuertanz invitéiert d’Philharmonie am Kader vum Kanner- a Jugendfestival zum Thema «Natur», d’Interaktiounen tëscht dem Mënsch an der Ëmwelt z’entdecken.
An engem Workshop mat der Komponistin Rachel Leach kënne Schoulkanner hir eege Kläng passend zum Element «Holz» erfannen an zesumme mat de Museker a Musekerinnen vum Orchestre Philharmonique du Luxembourg hir Kreatioun op der Bün opféieren.
Zu dësem Projet gehéiert de Kompositiounsworkshop «Wood. Holz. Bois.» Méi Informatiounen
6 € pro Schüler*in / gratis fir Begleetpersoun
complet