6 € pro Schüler*in / gratis fir d’Begleetpersoun
Espace Découverte
add to calendar
Betsy Dentzer
Erzielung
Victor Gama
Toha, Acrux, Dino
Salomé Pais Matos
Toha, Acrux
Dan Tanson
Regie, Konzeptioun, Text
Alexandra Lichtenberger
Kostümer, Accessoiren
Isabel Bouttens
Zeechnungen
Langue: Op Lëtzebuergesch
4–8 Joer / I.1–2 / L / 50’
No engem uerge Stuerm um Atlantik, ass de Matrous Simi deen eenzegen, deen iwwerlieft. Hie gëtt an engem Faass op eng Insel ugeschwemmt. Hei si Palmen, Bambara Hecken a Vullen, déi gelungen Näschter an de Beem bauen. Soss gëtt et keng aner Mënschen… d’Langweil ass kaum auszehalen. Duerch en Zoufall begéint hien engem Dodo. Di zwee gi Frënn andeems de Simi den Dodo mat Bambara-Kakuette fiddert. Vum Dodo léiert de Simi, datt bal all Objet Musek mécht, wann een eng Kakuett dropschéisst. Esou dauert et net laang an de Simi baut seng éischt Museksinstrumenter… mam Resultat, datt d’Langweil vun him erof pärelt, wéi de Ree vum Dodo senge Fiederen.
D’Schüler*innen sinn häerzlech agelueden, nom Concert, di interaktiv Instrumentenvirstellung «INSTRMNTS | Victor Gama» am Foyer vun der Philharmonie ze besichen.
Produktioun Philharmonie am Kader vun «atlântico»
6 € pro Schüler*in / gratis fir d’Begleetpersoun
A déjà eu lieu