Discovery Nights | 1 visite + 1 apéro + 1 concert
Salle de Musique de Chambre
add to calendar
12-18 Joer/ans/Jahre / II / L/F/D/E / 60' / gratis/gratuit/free
Thematesch Féierunge fir Secondairesklassen an der Philharmonie
Visites guidées thématiques à la Philharmonie pour les classes du secondaire
Dës thematesch Féierungen duerch d’Philharmonie weise wéi lieweg a villfälteg Musek organiséiert an erlieft ka ginn. D’Musekerinnen, d’Museker an d'Mataarbechterinnen a Mataarbechter erlaben hei spannend Asiichten an déi verschidde Beräicher an Aktivitéite vun engem Concertssall – souguer Ausprobéieren ass erlaabt! Wéi wäit brauch d’Kultur Management a wéi kann een dës zwou Welte matenee verbannen? Wat passéiert eigentlech alles Backstage, wéi gëtt ee Musekerin a Museker a wat fir engen techneschen Erausfuerderunge stellt sech déi technesch Equipe? Wat fir eng Geschicht erzielt d’Uergel als d’Kinnigin vun den Instrumenter? D’Philharmonie gëtt iech d’Méiglechkeet hannert d’Kulissen ze kucken a gëtt Abléck an déi faszinant Welt vum Kulturbetrib.
Les visites thématiques de la Philharmonie révèlent la manière dont se bâtit une programmation musicale vivante et variée. Les musiciens et les salariés donnent un passionnant aperçu des différents secteurs d’activité d’une salle de concert – et les occasions d’expérimenter ne manquent pas! Dans quelle mesure la culture a-t-elle besoin d’être gérée et comment peut-on combiner ces deux mondes? Que se passe-t-il réellement en coulisses, comment devient-on musicien et quels sont les défis que doit relever l’équipe technique? Quelle histoire l’orgue raconte-t-il en tant que roi des instruments? La Philharmonie vous donne la possibilité de jeter un coup d’oeil en coulisses et vous offre un aperçu de ce monde culturel fascinant.
Annulé