Zum Seiteninhalt springen Zur Navigation springen

Discovery Nights | 1 visite + 1 apéro + 1 concert

«So mol, Lobo!»

Erzielconcert

27.03.2023 10:30,

Espace Découverte

add to calendar

Betsy Dentzer Erzielung
Stephen Menotti Trombonn
Cathy Krier Piano
Louisa Marxen Perkussioun
Catherine Kontz Kompositioun
Dan Tanson Regie, Konzeptioun, Textadaptatioun
Christiane Kremer Text
Vincent Biwer Illustratiounen
Alexandra Lichtenberger Kostümer, Accessoiren

4–8 Joer / I.1–2 / L /50’


«Firwat ass den Himmel haut net blo?»
«Wéi vill Stécker Schockela sinn am Schockelasbotter?»
De Lobo gëtt keng Rou: Hie wëll ëmmer alles wëssen an huet ëmmer Froen.
«Du frees engem Lächer an de Bauch…»
«Lobo, elo net, so mir dat méi spéit…»
«Lobo, wann s de eppes soe wëlls, muss du de Fanger weisen…»
Keen hëlt sech Zäit, fir dem Lobo eng Äntwert ze ginn.
«Wa kee mir nolauschtert, da muss ech och net méi schwätzen», denkt de Lobo fir sech an hält duerno einfach de Mond.
Dat geet esou laang gutt, bis e seng nei Nopesch Lola kenneléiert.

«So mol, Lobo!», ass eng Geschicht vum Christiane Kremer, déi 2019 mam Lëtzebuerger Buchpräis an der Kategorie Kannerbuch ausgezeechent ginn ass. D’Geschicht gëtt hei an enger Adaptatioun als Erzielconcert mat vill Gefill an Afillungsverméige presentéiert, mat enger Kompositioun vum Catherine Kontz an enger Inzenéierung vum Dan Tanson.

Produktioun Philharmonie

Inscription

6 € pro Schüler*in / gratis fir Begleitpersoun

A déjà eu lieu