Groupes scolaires

Rhythm s
einfach gemaach

Studio 1
mar.
Illustration de tambours, de cymbales, de maracas et d'un tambourin en jaune, orange et noir, entourés de formes géométriques colorées sur un fond rouge.
©: Estela Carregalo

Kreativ Rhythmusiddien & Instrumentebau fir Enseignanten

An dëser Weiderbildung erliewen d’Participanten, wéi Rhythmus de Schoulalldag beräichere kann an d’Entwécklung vun de Kanner op verschidde Manéiere fërdert. Rhythmus stäerkt net nëmmen d’Konzentratioun, d’Sproochentwécklung an d’Motorik, mee ënnerstëtzt och sozial Kompetenzen a fërdert d'Gruppegefill – wichteg Grondlage fir erfollegräicht Léieren an eng positiv Léieratmosphär. Am Mëttelpunkt steet d’praktesch Ëmsetzung fir am Cours: Zesumme baue mir einfach Trommele mat Material aus dem Alldag, déi direkt mat de Kanner kënne benotzt ginn. Mat Schrëtt-fir-Schrëtt Uweisunge léiere mir, wéi ee selwer esou Instrumenter wärend dem Cours oder an engem Projet mat de Kanner nobaut. Ausserdeem léieren d’Participanten einfach Rhythmusübungen, déi ouni Virkenntnesser ëmzesetze sinn – ideal fir Museksstonnen oder kreativ Léierphasen.

Tickets

gratuit
L’achat de tickets s’effectue sur une autre page web.
La vente commence le
18.09.2025
16:00
Si vous souhaitez être alerté quand les ventes de tickets ouvriront pour ce concert, ajoutez-le à vos favoris

Détails

  • Date mardi 25.11.25
  • Horaire 14:00
  • Durée 180
  • Salle Studio 1
Comment se rendre sur place?