Kreativ Rhythmusiddien & Instrumentebau fir Enseignanten
An dëser Weiderbildung erliewen d’Participanten, wéi Rhythmus de Schoulalldag beräichere kann an d’Entwécklung vun de Kanner op verschidde Manéiere fërdert. Rhythmus stäerkt net nëmmen d’Konzentratioun, d’Sproochentwécklung an d’Motorik, mee ënnerstëtzt och sozial Kompetenzen a fërdert d'Gruppegefill – wichteg Grondlage fir erfollegräicht Léieren an eng positiv Léieratmosphär. Am Mëttelpunkt steet d’praktesch Ëmsetzung fir am Cours: Zesumme baue mir einfach Trommele mat Material aus dem Alldag, déi direkt mat de Kanner kënne benotzt ginn. Mat Schrëtt-fir-Schrëtt Uweisunge léiere mir, wéi ee selwer esou Instrumenter wärend dem Cours oder an engem Projet mat de Kanner nobaut. Ausserdeem léieren d’Participanten einfach Rhythmusübungen, déi ouni Virkenntnesser ëmzesetze sinn – ideal fir Museksstonnen oder kreativ Léierphasen.Tickets
gratis
Der Ticketverkauf läuft über eine andere Webseite.
Der Vorverkauf beginnt am
18.09.2025
16:00
Wenn Sie daran erinnert werden möchten, wenn der Ticketkauf für diese Veranstaltung anfängt, fügen Sie sie zu Ihren Favoriten hinzu