Jump to page content Skip to navigation

Fräiraim Festival

Philharmonie Luxembourg

Fräiraim Festival

Op Grond vun der aktueller sanitärer Kris, kënne mir zanter dem 12. Mäerz keng Concerts mi an der Philharmonie organiséieren. Duerch déi Situatioun si mir gezwongen elo och all weider Evenementer bis zum Schluss vun der Saison ofzesoen.

Vun dëse sëllegen Annulatiounen ass leider och de Fräiraim Festival betraff, den vum 26. bis 28. Juni sollt stattfannen. Ënnert den aktuelle Viraussetzungen ass et eis net méiglech d’Kënschtler an de Publikum esou ze empfänke wie mir dat gäre géife maachen. Dëst ganz besonnescht Evenement muss dofir op e spéideren Zäitpunkt verréckelt ginn. Den neien Datum an all wieder Informatioune wäerte mir de Participanten dann esou séier wéi méiglech zoukomme loossen.

Bis dohin wënsche mir Iech bei gudder Gesondheet ze bleiwen a schécken Iech eis härzlech musikalesch Gréiss

Serge Schonckert an de Fräiraim Festival Team

_________

Due to the current state of crisis, no concerts have been able to take place at the Philharmonie since 12 March. We have now had to cancel all events up to the end of the current season.

Unfortunately, the Fräiraim Festival is also affected by this. Under the present conditions it is impossible for us to welcome artists and audiences as we would like to. This exceptional event must therefore be postponed to a later date. This date and all other related information will be communicated to all participants as soon as possible.

In the meantime, we wish you good health and are sending you our warmest musical greetings.

Serge Schonckert and the Fräiraim Festival team